Chorale Luxembourg-Hamm „La Hammoise“

D ‘Chorale Hamm ass den eelste Veräin an der Par Hamm.

De 25. Juni 1867 ass Hamm als eege Por erhuewe ginn a krut mat dem Abbé Théodore Heynen hiren éischte Paschtouer.

E Joer méi spéit, 1868, ass de Gesank gegrënnt ginn, d’ “Chorale Ste Cécile“.

Schons 1238 geet an engem Schreiwe vun der Gräfin Ermesinde riets iwwert Hamm. D ‘Kierch vun Hamm gëtt et zënter 1337. Si wor fir éischt d ‘Kapell vun engem Frae-Klouschter. No engem Jorhonnert ass d ‘Klouschter verfall. De Chouer vun der Kierch an de Kierchtuerm sinn erhale bliwwen. D ‘Kierch soll méi wéi eng Kéier restauréiert ginn. D ‘Kierch war och laang Zäit eng Wallfahrtskierch, déi an de Geschichtsbicher ernimmt ass. Si ass dem Hellege Kräiz geweit. Déi zweet Patréinesch ass d ‘Helleg Katharina.

Mat der Uertschaft Hamm muss en awer och d’Duchfabrik vun der Schläifmillen ernimmen. Dës ass vun de Bridder Godchaux gegrënnt ginn a vill Leit hunn hei hiert deeglecht Brout verdéngt.

Iwwert de Gesangveräin, deen ëmmer ganz äerdeg war, besteet eng Fieder-Zeechnung, déi hien am Joer 1893 an der Schlussprëssessioun vun der Oktav weist. Enn 1900 krut d ‘Chorale de flotten Numm „La Hammoise“.  Eng Zäit laang, ëm 1925, hat d ‘Chorale och Museksinstrumenter. Zur Zefriddenheet vun alle musikalesche Leit ass 1912 d’Fanfare gegrënnt ginn.

D ‘Chorale huet u ville Concoursen deelgeholl an huet och gutt ofgeschnidden. 1936 krut d ‘Kierch eng Uergel. Och dat war een Héichpunkt am Liewe vum Gesangveräin.

No dem Zweete Weltkrich huet d ‘Chorale beschloss op Passiounssonndeg der Befreiung vum Land duerch déi amerikanesch Zaldoten ze gedenken; an d‘Entente des Sociétés, zesumme mat allen Veräiner zu Hamm, hält bis haut un dëser Traditioun fest.

Zënter 1964 ass d ‘Chorale eng Chorale mixte. Momentan steet si ënnert der Direktioun vum Jeff Reuter. Op hirem Programm steet d ‘Sangen vun de Massen Sonndes an d ‘Feierdeeg

Wichteg Rendez-vous'en, Passiounssonndeg, Cäciliendag an all aner Festdeeg, Concerten am Hospice Civil, am Fréijoer an am Advent. An en an der Chrëschtzäit an der Kierch. Dirigent vun der Chorale ass zënter Januar 2013 de Jeff Reuter.           Hamm a Bouneweg bilden zënter 2007 ee Parverband; spéider koum Sacré Coeur dozou; Fir d ‘Oktavmass an bei aner feierlech Geleeënheeten hunn si e gemeinsamen Optrëtt. E Grillfest e Chrëschtmaart en Ausflug droen zur Gesellegkeet vum Veräin bei.

Am Joer 2018 feiert d ‘Chorale hiren 150 Anniversaire. No engem gutt gefëllten Programm uechtert d ‘Joer publizéiert d ‘Chorale eng Brochure wou all Feierlechkeeten esou wéi aner interessant Themae festgehalen ginn.

H.A.