Chorale Concordia Ierpeldeng (Ettelbrück)

 

D’Concordia, den eelste kulturelle Veräin aus der Gemeng Ierpeldeng, besteet zënter méi wéi 125 Joer. Et war am Joer 1883, ee Joer nodeems déi Ierpeldenger eng nei Kierch kruten, wéi de jonke Schoulmeeschter Nic. Thurm e Männergesank gegrënnt huet, deen hien och 38 Joer laang dirigéiert huet.

Am Joer 1993 gouf aus dem Männergesank e gemëschte Chouer deen haut 20 aktiv Memberen zielt. Zënter 2008 steet d’Chorale ënnert der Direktioun vun der Madame Sandy Flies. Um Programm stinn, niewent de Sonndesmassen, och feierlech Massen, weltlech a besënnlech Concerten.

D’Chorale ass zesumme mat der Ierpeldenger Musek, déi 50 Joer besteet, en eenzege Veräin ënnert dem Numm “Société de Chant et de Musique Concordia Erpeldange”.

Nei Membere si bei der Concordia ëmmer wëllkomm.

D’Ierpeldenger Kierch, aus där d’Mass e Sonndeg iwwerdroe gëtt, gouf an de leschte Joere komplett renovéiert an eng Eisenbarth-Päifenuergel installéiert.