Chantres de St. Joseph, Zéisseng

 

1921-2021: Hiren 100. Anniversaire hunn d'Chantres de St-Joseph vun Zéisseng mat e bësse Verspéidung konnte ganz festlech gestalten. D'Feierlechkeeten, déi ënnert dem Patronage vum Kulturministère, dem Piusverband an der Stad Lëtzebuerg stattfonnt hunn, waren e schéine Succès, zumols de Concert Spirituel "in memoriam Paul Phillippy"

Déi 20 aktiv Sängerinnen a Sänger, an hir Dirigentin Pascale Philippy kucken op eng laang Geschicht zréck, déi 1921 ënnert dem Numm "Entre nous" ugefaangen huet. De Chouer encadréiert haut déi verschiddenst Evenementer e.a. wéi d'Massen a Prëssëssiounen, a gëtt Concerten mat weltlechem Programm. Ausserdeem maache mir reegelmässeg e Veräinsausfluch a gestallten aner geselleg Aktivitéiten.

Donieft schafft de Chouer aktiv an der lokaler Veräinsentente mat. D'Chantres de St-Joseph, déi ëmmer méindes an hirem Sall ënnert der Kierch prouwen, freeën sech iwwer all neie Sänger, fir datt si nët nëmmen mat Stolz zréck-, ma och mat vill Freed no vir kucke kënnen.