Steeëner Sängerfrënn

 

D'Steeëner Sängerfrënn besti scho méi wéi 30 Joer. De Chouer, deen an der Haaptsaach reliéis Manifestatiounen huet, besteet de Moment aus 3 Tenoren, 3 Bäss, 7 Sopranen an 6 Alti.

D'Steeëner Sängerfrënn sangen zu Steeën an huelen awer och eng ganz aktiv Roll am Parverband Fiels wouer.

Zesummenaarbecht mat anere Chéier aus dem Parverband gëtt schonn zënter laange Joren regelméisseg gutt gefleegt an et stinn ëmmer erëm gemeinsam Massen um Programm.

Och de Concert, all Joer am Advent, gëtt oft zesumme mat anere Gesangveräiner gesongen.

Am Dezember 2011 sinn d'Steeëner Sängerfrënn zesumme mam "Chorus salicti" opgetrueden.

Oppenheet, Kreativitéit, Gesellegkeet an Engagement gehéieren zum gudde Fonctionnement vum Chouer.

Geprouft gëtt all Woch Dënschdes an der aler Schoul zu Steeën. All interesséiert Sänger sinn häerzlech wëllkomm.