Chorale Sainte-Cécile Fetschenhaff-Cents

 

D’Geschicht vun der Chorale Ste Cécile Fetschenhaff-Cents ass enk mat der Baugeschicht vun der Helleg-Geescht-Kierch um Fetschenhaff-Cents verbonnen. Zäitgläich mam Projet fir an deem Quartier, dee sech demografesch staark entwéckelt, eng Kierch ze bauen, entsteet 1968 och e Kierchechouer. Eng vun de Spezificitéiten ass datt de Chouer zéng Joer laang net an engem sakrale Raum séngt, mä an engem Garagekomplex vun der „Société Nationale des Habitations à Bon Marché“ (S.N.H.B.M.) respektiv am Keller vun der Schoul, wou d’Sonndesmassen um Cents gefeiert goufen.

Am Advent 1978 konnt eng éischte Kéier d’Mass an der neier Centser Kierch gelies ginn an d’Sängerinnen an d‘Sänger vun der Chorale Ste Cécile hu vun do un Stellung geholl virun der „taktilistescher“ Fënster vum Théo Kerg, deen d’Motiv „Freude schöner Götterfunken“ kënschtleresch déclinéiert huet.

D’Freed um Gesank zitt sech wéi e roude Fuedem duerch déi mëttlerweil iwwer 50jähreg Geschicht vun deem Kierchechouer, dee vum Paschtouer a „cheville-ouvrière“ vun der Helleg-Geescht-Kierch Laurent Drees gegrënnt gouf. Als Hommage un de Kierchemuseker a laangjährege Paschtouer vum Cents Laurent Drees séngt d’Chorale Ste Cécile an der Radiosmass och e Krëschtlidd aus senger Fieder: „Erwecht, stitt op!“. Den Text staammt vum laangjährege Sekretär vum Chouer Metty Feider, deen eis am Mee 2011 fir ëmmer verlooss huet.

D’Chorale, déi am Moment eng 30 Memberen zielt, séngt ënnert der Leedung vum Noémie Desquiotz-Sunnen.

D’Chorale ass de musekalesche Fligel vun der Centser Por a verschéinert déi freedeg an och méi traureg Ereegnesser an engem Quartier, dee sech weider entwéckelt. D’Prouwe sinn donneschdes vun 19.30 bis 21.30 Auer an der Centser Kierch.

Iwwer nei Sängerinnen a Sänger freeë sech d’Memberen vun der Chorale Ste Cécile Fetschenhaff-Cents.

Kontakt:

Eugénie Nicola-Thies, Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! .