Chorale Sainte-Cécile Uewerkuer

 

D'Chorale Ste Cécile Uewerkuer ass 1906 als Männerchouer gegrënnt ginn. Am Laf vun de Joren woar se dann bal Männer- bal gemëschte Chouer. Vun 1980 un hu mir dann lo awer endgülteg e gemëschte Chouer mat Dammen an Hären. Mir zielen haut 19 aktiv Memberen.

Eis Dirigentin ass d'Marie-Louise Schoos an eisen Organist ass de Pierre Pasquali.

All Sonn- a Feierdeeg sange mir déi hl. Mass an op Wonsch sange mir och Hochzäits- a Begriefnismassen. Wa gréisser Fester an der Poargemeinschaft Déifferdeng ustinn, da sange mir zesummen mat deenen aneren Choralen aus dem Poarverband.

Mir hun all Mëttwochs Prouf an der Kiirch vun 19.30 – 21.00 Auer

Dës Chorale huet den 11. Mäerz 2021  opgehal an besteet elo an der Chorale Saint François d'Assise Differdange (Fusiounsveräin aus 3 Chorallen : Uewerkuer, Nidderkuer a Déifferdeng-Fousbann) weider.