Choralen vu Chrëschtnech a Noumer

D’Radiosmass vun dësem Sonndeg, gëtt gesanglech gestalt vun der Chorale Ste-Cécile vu Chrëschtnech, mat Hëllef vun der Chorale Ste-Cécile vu Noumer.

D’Chorale Ste-Cécile vu Chrëschtnech ass am Joer 1913 fir d’Eischt als Männerchouer gegrënnt ginn. Vu 1956 un, ass et e gemëschte Chouer, deen aktuell 16 aktiv Sänger zielt.

D’Chorale gëtt aktuell vum Marie-Josée Wirtgen geleet, a musikalesch op der Uergel vum Daniel Mantrisi verschéinert. Mir prouwen emol an der Woch. Jiddereen, deen Loscht um Sangen huet, ass bei eis Wëllkomm.

Duerch dës Radiosmass, versichen d’Sänger an d’Sängerinnen, chrëschtlech Präsenz vun den aktuelle Medien am Land, awer och driwwer eraus, ze verstäerken.