Union Chorale Vichten

 

 

D’Chorale vu Viichten déi 1922 als Männergesank ugefaang huet, gouf 1963 e gemëschte Chouer. De Moment zielen si 20 aktiv Mitglieder, déi sech emol an der Woch treffe fir ze prouwen. Si sange regelméisseg d’Weekendsmassen a bei allen anere Geleeënheeten, wou si gefrot ginn, wéi bei Begriefnisser, Hochzäiten an anere Feierlechkeeten. Op den héige Festdeeg gëtt méistëmmeg gesongen an an den anere Massen sinn déi Gleeweg invitéiert, fir einfach Lidder matzesangen.

Déi Viichter Sänger trieden och zesumme mat anere Chéier op fir kierchlech oder weltlech Concerten a si maache mat bei de Sängertreffen vum Dekanat Ospern.

Déi néideg Suen fir hir Käschten ze decke, kréie si bei guttbesichten Danznomëtteger eran.

De Viichter Gesank ass stolz a frou, e vun den eelsten aktiven Organisten an de gewéinliche Massen ze hunn: den Aloyse Bissen, dee mat 91 Joer nach all Dag op der Uergel prouwt. Säi Jong Henri Bissen ass hire ganz engagéierten Dirigent an och de Rescht vu senger Famill war nach ëmmer täteg an der Viichter Chorale. Mais och all aner Sängerinnen a Sänger, all Membere vum Comité mat der Mme Marie- Thérèse Wilmes-Graf un der Spëtzt, si ganz aktiv a wichteg a si schaffe a sange gäer zesummen an hirem Veräin.