Chorale Sainte-Cécile Bissen

 

 

Während al Choralbicher berichten, datt scho virun Honnerte vu Joren an der Biisser Kierch gesonge gouf, kann een d’Grënnungszäit vun der heiteger Chorale Ste Cécile em 1890 datéieren.

1892 gouf vun der Firma Muller eng Uergel an der Kierch gebaut. Si gouf deemools schon vum Laurent Menager als Konschtwierk bezeechent a steet haut ënnert Denkmalschutz.

Huet et sech bei der Chorale laang Joren em ee renge Männerchouer gehandelt, sou gouf 1968 décidéiert de Veräin an ee gemëschtene Chouer ëmzewandelen. Haut zielt de Biisser Cäecilieveräin 31 aktiv Memberen.

Fir di reliéis a weltlech Optrëtter virzebereeden, prouft d’Chorale ënnert der Leedung vum Serge Rosen ëmmer Mëttwochs vun 20.00 bis 22.00 Auer. Och d’Gesellegkeet gëtt am Veräin ganz grouss geschriwwen. Jiddereen, dee Freed um Sangen huet, op Jonk oder Al, op vu Biissen oder Auswäerts, ass ganz häerzlech wëllkomm. Interesséierter kënnen sech un den Michel Deckers ënnert der Nummer 85 28 30 wenden oder spontan an eng vun eise Prouwe kommen.