Chorale Sainte Cécile Féngeg

Fingig

No Statuten besteet de Verain zwar eréischt zenter 1983, mee et as schon laang virdrun zu Féngeg gesong gin. 1895 gouf déi éischt Uergel fir an d’Kierch ugeschaaft. Des as 1950 ersaat gin. Bei der Aweiung deemols, huet de Männerchouer eng véierstëmmeg Andacht ennert der Leedung vun dem Jos Schmit, engem Féngeger Jong an a Begleedung vun dem Albert Leblanc gesong.

No dem Doud 1976 vun dem Organist a Sänger Jemp Schonnen, war et 1980 den Nicolas Gasper, deen den aktuelle gemëschte Chouer gegrennt huet. Hien war och Dirigent bis an d’Joer 2003, zenterhier steet de Gesank ennert der Leedung vun dem Anne-Marie Decker. No dem Michel Urbany an den 80er, as haut d’Dr. Jacqueline Gindt fir de gudde Klang vun der Uergel responsabel. Mir hun déi grouss Chance, dass sii all dem Verain hiert Können an Talent onendgeldlech zur Verfügung stellen. De Guy Scholler as eise Präsident.

D’Haaptaktivitéit vun der Chorale as am Dingscht vun der Kierch, matt dem Abbé Marcel Pündel a séngem Assisstent, dem Daniel Graul. Mee och doniewt droe mir zum Duerfliewe bai : Hämmelsmarsch, Ausflug, Grillfest, Cäcilieniessen, an de Patt no der Prouf gehéieren dozou.

Als kierchleche Gesank geet et eis drem, den ale Patrimoine wéi de gregorianesche Gesank ze erhaalen a weiderzegin. An enger séirer Zait a matt Bleck an d’Zukunft as et aawer och wichteg néi musikalesch Weisen ze intégréieren an esou d’Attraktivitéit vum Kirchegesank ze erhaalen. Dass dest eiser Chorale bis elo gelong as, beweisen déi jonk Sänger déi eis an der Lescht emmer weider verstärken.

 

Audiodateien:

Kündet allen in der Not, Magn.106


Alma Redemptoris Mater, Gregorianischer Choral

 

Dirigentin: Anne-Marie Schmitz; Organist: Francis Lucas, 06.12.2009