Chorale Ste Cecile Bascharage

Bascharage

Dei éischt Statuten vum Männer-Chouer sinn aus dem Joer 1872. Am Joer 1949 ass d'Chorale mixte gegrënnt ginn.
Haut si mer zu 15 Sängerinnen an Sänger. 7 Sopran, 5 Alt, 1 Tenor, 1 Bass. Presidentin ass Marianne Glod, en Dirigent siche mer den Ament nach ëmmer an de Claude Mahowald spillt op der Uergel. Dënschdegs hu mer Prouf zu Kaerjeng an der Kierch vun 19h30 - 21h30 Auer. Mer sangen all Sondesmassen an och all Feierdag, Hochzeiten an Begriefnismassen.

Mer sinn och bei kulturellen Manfestatiounen vun der Gemeng, an bei de Sängertreffen vum Piusverband derbei.
Fir 25 Joer Kierch hate mer den 11.11.2007 e Concert mat den Chorallen aus der Gemeng, an der Kierch. Mer wiere frou wann mer nach Sänger(innen) giffen beikréien, dann kéinte mer och erëm 4 stëmmeg sangen.
Dir sidd häerzlech wëllkomm.