Chorale Ste Cécile Hueschtert

Kontaktadresse

Sylvie Hury
30, rue principale
L-6990 Rameldange

 

D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert ass am Joer 1873 als Männerchouer gegrënnt ginn. Den 28 Dezember 1890 huet de Veräin ënner dem Numm « Chouergesankveräin » seng éischt Statuten krit. 1892 huet et gebrannt, an dunn ass festgestallt ginn, dass all déi Männer déi gelëscht hunn, am Gesank waren, also ass beschloss ginn, dass d’Männer aus den Chouer och d’Pomjeeën géiwen iwwerhuelen, an esou war ët de Gesank-a-Pompjeesveräin vun der Gemeng Nidderaanwen, Sektioun Ueweraanwen, esou dass en halleft Jorhonnert de Gesank an de Pompjeesuniformen ugetratt ass.

Am Juli 1893 huet de Veräi säin éischte Fändel krit.
Am Joer 1958 waren nach 17 Männer am Chouer, dunn ass aus dem Männerchouer e gemëschte Chouer ginn, wou dann Kanner an Dammen dra waren, déi awer net zu de Pompjeeën gehéiert hunn.
Et huet gedauert bis am Joer 1969 wou e getrennte Gesangveräin an e getrennte Pompjeescorps gegrënnt gi sinn. De Chouer aus Member am Piusverband ginn an huet de Numm krit « Chorale Ste Cécile Hueschtert ».
Den 12 Juli 1970 huet d’Chorale Ste Cécile hiren éischten eegene Fändel krit. An dene laange Joeren hat d’Chorale 10 Presidenten an nëmmen 4 Dirigenten. d’Chorale besteet aus 24 aktive Memberen : 10 Sopran - 8 Alt – 2 Tenor – 4 Bass.
Eisen Dirigent ass den Här Jean Schumacher.
Mir sinn e Kierchechouer a sangen all Sonndes-Feierdag a- Begriefnëssmassen an hunn 2 mol am Joer e Concert spirituel.
Eis Prouwe si Freides vun 20,00 – 22,00 Auer an eisem Proufsall 1, rue de la gare zu Hueschtert.

 
Audiodateien:

Freude über Freude, Klaus Heizmann

Preis dem Todes

 

Dirigent: Jean Schumacher, Organist: Kirsten Elmquist, 23.03.2008