Chorale Sainte-Cécile Weiler-la-Tour / Hassel

 

  De Sängerinnen a Sänger, der Organistin an den Dirigenten vun der Chorale Mixte Sainte Cécile Weiler zum Tuerm / Haassel

 Foto:  Alois Theisen

 

D’Grënnung vun engem Männerkouer zu Weiler zum Tuerm geet zréck op d’Joer 1890, an domat ass d’Chorale Ste. Cécile haut déi eelst Associatioun aus der Gemeng. Bedéngt duerch

en déifgräifende Wiessel an de Mentalitéiten huet vun 1969 un de gemëschte Kouer ënnert dem Impuls vun engem dynamesche Komitee an séngem onermiddleche Chef dem Veräin d’Dier fir déi

néideg Ëmstellungen opgestouss. Erweiderung an der Kontinuitéit, Sichen no Musikalitéit, Auseranersetzung mat der Nouveautéit, Striewen no Virtuositéit hunn dat Fundament ausgemaach, op deem d’Chorale Mixte sech mat bemierkenswäertem Asaz, Wëllen a Kënnen dee Repertoire opgebaut huet, mat deem si uechter d’ganzt Land Éier a Luef genéisse konnt.

An de läschte Joeren goufen am Weiler Gesank en etlech Traditiounen fale gelooss. D’Ureegung fir d’Ännerung vu fréieren Opfaassunge koum mat dem Engagement vun engem

jonke Kouerdirigent, deen op Grond vu sénge Familljewuerzelen a sénger Ausbildung deem reng musekaleschen Aspekt vum Kierchegesank eng méi staark Bedeitung bäigemooss huet. An der Zwëschenzäit war no bal 40 Joer d’Zuel vun den Aktiven op d’Halschecht zréckgaang: grandios a pompös Opféierungen gehéieren elo der Vergaangenheet un.

An däer Logik hëlt viru 5 Joer déi nei Prësidentin mat frëschem Mutt a verbassenem Iwwerzeegungswëllen d’Initiativ, liturgesch Gesäng opzedreiwen, déi dem musikalesche Verständnis an eiser Gesellschaft entgéintkommen. Mat dëse Programmen konnt d’Chorale sech bei verschiddene Geleeënheeten masseg Unerkennung verdéngen a fir sech selwer e neien Opdriff verbuchen. Meescht stamen déi Wierker aus angelsächsesche Kulturkreesser, zum dackste mat Wierder an däer fir munnechereen net geleefeger englescher Sprooch.

Wann ongewinnten Harmoniséierungen an onkammoud Rhythmen eng echt Erausfuerderung duerstellen, da sinn d’Kompetenz vum Dirigent Horaţiu Drăgan a vun der Organistin Simone

Appelbaum-Goebel méi wéi jee gefrot.

D’Chorale Weiler/Haassel ass houfreg op hire gudde Ruff: eng gegléckte Mëschung aus al bewährte Kompositiounen an enger gefälleger, moderner Kierchemuseksliteratur suergt fir Motivatioun am Kouer, an deem d’Nolauschteren an d’Léieren bal esou wichteg gi sinn wéi d’Sangen an d’Opféieren.

Héichten am Veräinsliewen notze fällt net schwéier; Déiften iwwerwannen verlaangt bestänneg Upassung. Engersäits bréngen zanter dësem Hierscht dräi nei Stëmmen e frësche Wand an déi gestane Reien; mee anerersäits gëtt ëmmer erëm un den Doud vrun e puer Méint vun engem treie Weiler Sänger erënnert. Gesondheetssuergen féieren méi wéi eng Kéier zu Ausfäll, déi derzou zwéngen, agesiesse Gewunnechten ze änneren.

Mat 12 Dammen a 6 Männer wäerd d’Chorale Sainte-Cécile Weiler/Haassel och am Joer 2021 besuergt bleiwen, de richtegen Toun ze fannen an e volle Klank ze vermëttelen. Prouwen hale mir gemenkerhand mëttwochs owes am Kulturzenter „An Huef“ oder an der Kierch of.

De Komitee freet sech iwwert all Ufro, en éischte Kontakt kënnt Dir huelen mam Sekretär André Welfring

(Tel.: 23 66 86 75).

 

Audiodateien:

A Festive Gloria, Ruth Morris Gray


Now let all the World be silent, Jay Althouse

 

Dirigent: Horatiu Dragan; Organist: Fränz Theis, 08.01.2012