Chorale Sainte-Cécile Redange /Attert

Redange /Attert

Kontaktadress

Chorale Ste-Cécile Redange /Attert
p/a Mme Susi Reichling-Aubart
39,rue de la Gendarmerie
L-8508 Redange/Attert
Tel : 23 62 03 01
E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!


Gegrënnt gouf eis Chorale 1852 a stong bis an d’foffzeger Joeren ganz am Dingscht vun der Kierch. Wéi dunn awer d’Zuel vun de Memberen drastesch zréckgaang as, ass 1958 de Kierchechouer nei gegrënnt ginn, a vun 1959 u sinn dunn och weltlech Concerten gesong ginn. Den 1. Januar 1961 hate mir eis éischt Theateropféierung, a bis haut, mat e puer Ausnahmen, spillt eis Chorale all Joer Theater an der Aula zu Réiden. Bis 1978 ware mir e rénge Männerchouer, mee vum 9. Februar 1978 un sin dunn och Dammen an de Gesank, derbäi komm. Am Laf vum Joer 2003 hu mir eise groussen 150 ten Gebuertsdag, an an engems och 25 Joer gemëschte Chouer gefeiert.

Eis regelméisseg Aktivitéite sin: Sämtlech Masse vum lafende Joer sangen ( op Wonsch och auswäerts), 4 Owender am Januar Theater spillen, e Kiermesconcert, eent Joer iwwert d’anert e Chrëschtconcert oder e lëtzebuerger Owend zum Beschte gin.

Mir prouwen all Freidegowend 2 Stonnen an engem egene Sall a bestinn momentan aus 34 aktive Membren; 13 am Sopran, 9 am Alt, 6 am Tenor a 6 am Bass.

Eis Dirigentin as zënter 1999 d’Mme Josette Kuffer-Ourth
Eise Sëtz ass am Zärenhaus, Nidderpallenerstrooss No 1 zu Réiden

 

Audiodateien:

Debout, Peuple de Dieu, T.: Christiane Gaud, M.: Michel Wackenheim

Le pain dans nos main, T.: Noël Colombier, H.: Alain Langrée

 

Dirigentin: Josette Kuffer-Ourth; Organist: Carlo Philippe, 08.06.2008