Chorale Ste. Cécile Bigonville

 

De Bungerefer Kirchechouer besteet schons iwer 100 Joer.
1916 ass de Chouer als 4-stemmegen Männerchouer op d'Been gesaat gin.
1965 huet den Här Paschtouer erlaabt e Virstand ze wielen an d'Statuten sin op der Gemeng ofgin.
Vum 20.März 1965 haat eis Chorale den Num "Chorale Ste Cécile Bigonville".
1981 ass eisen Chouer duerch Fraestemmen ugeräichert gin a mer hun als "Chorale mixte" gesongen.
2021 bestinn mer nach mat 9 Sängerinnen a Sänger: nodeems eise langjährigen Dirigent an Organist, de Gilbert Thomas verscheed ass, hu mir leider kee festen Dirigent an Organist méi .
Eisen Präsident ass seit 2000 de Josy Remesch vu Pärel