Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous

Angelsberg

Kontakadress:

Alex Kugener
4, rue de Meysembourg
L-7410 Angelsbierg
Tel. 32 96 17


Angelsbierg gehéiert zu der Par Meesebuerg (Porverband Miersch). Den Angsber Gesang existéiert zënter 1893 an zielt den Ament 15 activ Memberen. Aisen Dirigent ass de John Daems an d’Tessy Welbes begleed ais op der Uergel. Den Abbé Pierre Reuter ass aisen Präses. Geprouwt gëtt méindes owes vun 20. 30 bis 22 Auer zesummen mat der Chorale St Grégoire vu Fëschbech mat där mir zënter 2006 méi enk zesummenschaffen. Zu aisen regelméissegen Activitéiten zielen nierft de Prouwen an dem Gestalten vun de Massen och nach aist Porfest, d’Cäcilienfeier grad ewéi verschidden Ausflich a Reesen.

Aise Comité besteet aus 4 Persounen, dem Alex Kugener (Präsident), Chantal Conrad (Sekretärin), Claude Malget (Keessier), a Jacqueline Dostert (Member).