Chorale Cercle Vocal Belval-Metzerlach

 
Kontakt

Presidentin :
Danielle Gratias
Tel: 59 01 65


De Cercle Vocal Bel Val-Metzerlach feiert 2010 säi 50. Anniversaire. Et war deemno am Joer 1960 wou sech eng Dose Leit op Initiativ vum Här René Fisch, dem éischte Paschtouer an der neier Par Metzerlach, zesummegedoen hunn, fir d’Sonndesmassen an der Theresiekapell ënnert der Leedung vun der Organistin, Mme Germaine Schuller-Koch, gesanglech matzegestalten.

Am September 1965 hat d’Chorale hiren éischten ëffentlechen Optrëtt mat méistëmmege weltleche Chouerwierker bei Geleeënheet vun der Klackeweih fir dee geplangte Kierchenneibau.

An den nächste Joren huet de Chouer säi Niveau bestänneg verbessert. Markant Punkten an der Veräinschronik sinn 1968 d’Grënnung vum Kanner a Jugendchouer „Les Mésanges“, 1971 e Concert spirituel ënnert der Leedung vum Prof. Dr. Nic Schalz bei der Uergelweih an der neier Kierch an déi éischt Radiosmass.

Am Oktober 1972 ass d‘ “Chorale Ste-Thérèse“ ëmbenannt ginn a „Cercle Vocal Bel Val-Metzerlach“. Zu där Zäit hat de Chouer 53 aktiv Memberen. Et konnte grouss Concerten organiséiert ginn, wéi „Carmina Burana“ fir d’Feier vum 20. Gebuertsdag an och am Kader vun der 200jähreger Onofhängegkeet vun den Vereenegte Staate vun Amerika.

Nach en Héichpunkt war 1983 d’Weltopféierung vu „Veni Sancti Spiritus“ vum Prof. Nic Schalz, deen dem Cercle Vocal säi Wierk gewidmet hat. Fir säi 35. Grënnungsjoer ze feieren, huet de Chouer d’Johannes-Passioun mat Solisten ofgefouert a fir seng 40 Joer qualitativ héichwäerteg Concerte mat aner Ensemblen zesummen organiséiert.

D’Mme Schuller ass no 33 Joer als Dirigentin zréckgetrueden, an de Chouer huet hir vill ze verdanken. Duerno hu véier Dirigenten hir Nofolleg ugetrueden bis am Joer 2000 de Prof. Léopold Winandy d‘Direktioun iwwerholl huet. Mat groussem musikalesche Kënnen, Dynamismus an Taktgefill – an dat besonnech och am iwwerdroëne Sënn -, steiert hie mam Chouer de 50. Gebuertsdag un.

A bal engem hallwe Joerhonnert hu sech d‘Presidenten Nicolas Theis, Gaston Gengler, Gérard Schreiner, Jean-Marie Engel, Marcelle Lentz-Cornette an Nathalie Morgenthaler ofgewiesselt. Aktuell Presidentin a Kontaktpersoun ass zënter 2007 d’Danielle Gratias. Tel: 59 01 65 De Cercle Vocal ass bestriewt als Member vum Pius-Verband a vun der UGDA senger kierchlecher a senger weltlecher Missioun gerecht ze ginn. D’Gestaltung vun de Sonn- a Feierdagsmassen, Hochzäiten a Begriefnisser gehéiere weiderhin zum Programm wéi och aner kulturell Optrëtter. D’Prouwe ginn am Kulturzenter am Metzerlach dënschdes an donneschdes vu 19.30 bis 21.30 Auer ofgehalen.

 

Audiodateien:

Christus ist auferstanden, Köln 1623


Christus ist erstanden, M828

 

 Dirigent: Léopold Winandy; Organist: Daniel Lang,  08.04.2012